Alterskategorie 18 - 26 Joer
Final vun e Sonndeg, 17. Abrëll
1er prix-Prix Laurence: Maxime Weber (22) - Chaudron fêlé 2ème prix: Nicolas Calmes (20) - The Street of the Castle 3ème prix: Joseph Storn (19) - Schlecht Gesellschaft
Mention spéciale du jury
Gina Arvai (22) - Shoulda known obnoxious
Prix du Public
Joseph Storn (19) - Schlecht Gesellschaft
Alterskategorie 12 - 17 Joer
Final vun e Samschdeg, 16. Abrëll
1er prix-Prix Laurence: Deviam Amegah (17) - OneShadeOfBlack 2ème prix: Eline Klaassen (13) - Unsichtbar & rotes Haar 3ème prix: Anouk Mahr (15) - Die Legende der Schwestern
Och alle Finalisten eis häerzlechst Gléckwënsch an och e grousse MERCI un all déi jonk Auteuren, déi bei där 2. Editioun vum Prix Laurence matgemaach hunn. Mir kënnen Iech all nëmmen encouragéieren fir weider ze schreiwen!
D'Texter vun de Laureaten, de Finalisten an allen Auteuren, déi matgemaach hunn, kënnt dir hei um site noliesen. Bonne lecture. D'Liesen ass schéin!
Vu Mëtt Juni un geet et hei weider mam PRIX LAURENCE 2017.
* * *
D'FINALISTEN
A senger Réunioun vum 4. Abrëll 2016 huet de Jury décidéiert, datt:
- et fir déi 2 Alterskategorien all Kéiers 12 Finaliste ginn
- dës jonk Auteuren mat dësen Texter un deenen 2 Finalle fir de Prix Laurence (+ Prix du Public) deelhuelen:
Alterskategorie 12 - 17 Joer
FINALE(+ remise des prix) samschdes, de 16. Abrëll um 14 Auer am Café Littéraire
Deviam Amegah (17 Joer) - OneShadeOfBlack
Lara Bertemes (15) - Menschliche Schwäche
Karma Catena (14) - Keen Titel
Estelle Dossou (17) - Warten
Nora Gillen (17) - Gefährliche Fahrten nach Europa
Elsa Hengel (16) - Sie ist doch so krank
Laura Henriquez Navarro (14) - Auf Wiedersehn
Yannick Herman (16) - Apokalypse
Eline Klaassen (13) - Unsichtbar & rotes Haar
Anouk Mahr (15) - Die Legende der Schwestern
Beatriz Laura Vaz Dinis (15) - Buch auf Reisen
Lisa Wantz (13) - Morgen kommt Papa wieder
Alterskategorie 18 - 26 Joer
FINALE(+ remise des prix) sonndes, de 17. Abrëll um 14 Auer am Café Littéraire
Gina Arvai (22 Joer) - Shoulda known obnoxious
Nicolas Calmes (20) - The Street of the Castle
Natascha Ewert (23) - Das Jahr, in dem Matthias Schweitzer mich toll fand
Ben Hirtz (19) - Hoffnungsschimmer
Belmir Hodzic (18) - Human Thoughts
Almin Hrkic (19) - Heimat
Tessy Kutzner (25) - Risen to a Flood (Songfic)
Einar Kvaran (25) - The Path to Self
Laura Mbo (26) - Rêver
Florence Spedener (24) - En Auszuch aus engem ganz normalen Dag
Joseph Storn (19) - Schlecht Gesellschaft
Maxime Weber (22) - Chaudron fêlé
Dës jonk Auteuren liesen dës Texter op de Finalle vir. Kommt all an erlieft si live am Café Littéraire! (Festsall vum Jugendhaus, 37, route d'Esch zu Beetebuerg). Parking bei der Kierch, beim Centre Sportif a bei der Gare.
*
* *
FIN DU CONCOURS (des envois, 31 03 2016)!
Et hu matgemaach: 40 jonk Auteuren mat 79 Texter.
Dovunner: 30 jonk Schrëftstellerinnen an 10 jonk Schrëftsteller.
NEI Dëst Joer hu mir zwou getrennte Finallen mat Live-Lektüren -
fir déi Jonk vun 12 bis 17 Joer an déi vun 18 bis 26 Joer:
FINALE (catégorie 12 - 17 Joer) + remise des prix (jury et public) samschdes, de 16. Abrëll um 14 Auer
FINALE (catégorie 18 - 26 Joer) + remise des prix (jury et public) sonndes, de 17. Abrëll um 14 Auer
all Kéiers am Café Littéraire (Festsall an der MJC, 37, route d'Esch zu Beetebuerg).
De Jury: Martine Forty, Vesna Andonovic, Damien Ney, Jérôme Jaminet, Thomas Schoos a Pit Hoerold.
Dee ganze Programme vum LiteraTour 2016 fannt Dir op: www.literatour.lu
Dir sidd all häerzlech invitéiert fir déi jonk Literatur live am Café Littéraire ze entdecken! Entrée gratuite.
*
* *
De Jugend-Literatur-Präis PRIX LAURENCEass eng Initiative vum Jugendhaus Beetebuerg (MJC) an Zesummenaarbecht mat der Beetebuerger Gemeng. En ass geduecht, fir där jonker Literatur eng Plate-forme ze bidden, wou si sech an hirer ganzer Villsäitegkeet ausdrécke kann, fir der Integratioun an dem Dialog tëscht de Generatiounen en neien Elan ze ginn a fir der Literatur zu Lëtzebuerg an an der Grouss-Regioun eng Zukunft ze bidden.
De LiteraTour zu Beetebuerg (mat der Finale vum PRIX LAURENCE) ass e Festival, bei deem d'Auteuren an d'Literatur an all hire Facetten am Mëttelpunkt stinn an dee queesch duerch déi Lëtzebuerger Literatur mat all hire Sproochen an duerch d'Literatur(en) aus der Grouss-Regioun féiert.
Déi 4. Editioun vum LiteraTour zu Beetebuerg ass vum 9. bis de24. Abrëll 2016. 24 Finalisten. A16 Deeg Literatur pur!
All Infos an Texter vum PRIX LAURENCE 2015 fannt dir an der Rubrik ARCHIVE.
Wind of Time
First they are born, then they are worn, they meet...