Retour

Miny Marie


D'Sich nom Gléck

D'Sich nom Gléck

All Dag vergeet esou schnell.

Tëscht genéiss all Moment, lief am Elo;

A plang deng Zukunft, maach dir Gedanken;

bleift oft net vill a virun allem bleift keng Zäit fir glécklech ze sinn.

Well en ass do, den Drock ass do, den Drock ze liewen an am beschten och nach glécklech;

sou wéi wann et kee muer géif ginn an awer sou ze liewen, dass et ee muer ka ginn.

Net un d’Vergaangenheet denken, se awer och net vergiessen.

Glécklech sinn an am beschten ni zweifelen.

Dat ass dat wat meng Generatioun wëll oder mengt ze wëllen?

D‘Fro stellt sech just: ass et e gräifbaart Zil oder just eng Utopie, déi mir virgelieft kréien an awer keen sou richteg lieft?

An gehéiert zum glécklech sinn net och den Zweifel dozou?

 


 




Envoyé: 09:56 Fri, 22 March 2024 by : Miny Marie age : 22