Back

Schloesser Yulisa


Curriculum Vitae

Curriculum Vitae

 

Dass ech elo hei stinn a fir iech performen,

huet mech Courage kascht an zwar enormen.

E klengen Abléck a mäi Liewen, dee ginn ech dir.

Hal dech gutt fest, well et geet mat Vollgas no vir.

 

D'Joer 2000 an ech gouf aus Peru adoptéiert.

Mat 10 Méint schonn am lëtzebuerger Land,

dofir leider kee spuenesch geléiert.

 

Och meng Schoul hunn ech hei gemaach,

alles net sou easy an de Wee war zimmlech haart.

2013 op Modulaire ugefaang, mee kuk wou ech lo stinn?

Déi mannst gleewen dass ech haut diploméiert  „TFA“ sinn.

 

An menger Fräizäit maachen ech gär Sport,

oder sinn op Concert'en ënnerwee.

Wéi genau ee sech dat virstelle kann,

erzielen ech dir lo genee.

 

Fir d‘Toten Hosen bis an Argentinie geflu, crazy.

E puer 1000 km zeréck geluecht fir de Kaméidi.

Am Sport war ech schonn ëmmer aktiv.

2018 10 km ënner enger Stonn gelaf,

dat war schonn zimmlech vive.

En anere Punkt, dee mäi Liewen zimmlech präägt ass,

wann ech si mat mengem Beschten ënnerwee.

Mol eng Millche spillen,

oder bei him mat Béier a Wurscht ob der Terrasse chillen.

 

Trotz deene schéine Momenter kann ech iech soen,

och ech misst scho vill Misär a mengem Liewen erdroen.

Dofir mäi Motto “Kuk no vir a net no hannen”.

Lues a lues wäerten deng Sujet‘en verschwannen.

 

Aus menger Erfarung kann ech iech soen,

egal wie batter d‘Liewen ass, probéiert ëmmer weider ze goen.

An deene 24 Joer hunn ech scho vill gesinn.

Guddes wéi Schlechtes a si gespaant wou de Wee mech nach féiert hin.

 

Sou dat war et vu mir.

Merci fir d’Nolauschteren an halt iech mäi Motto am Gehier.

 




Submitted: 15:25 Tue, 13 February 2024 by : Schloesser Yulisa age : 24