De Prix Laurence ass en zentraalt Element vum LiteraTour-Festival, organiséiert vun der Gemeng Beetebuerg. Seid senger Grënnung am Joer 2015 hunn 614 Auteure mat 1040 Texter beim Prix Laurence matgemaach. 

Am Kader vum LiteraTour-Festival invitéiert d’Gemeng Beetebuerg all jonk Auteuren aus der Groussregioun, Kaunas (Litauen) an d’Partnerstied vun der Gemeng Beetebuerg, Valpaços (Portugal) a Flaibano (Italien) bei där 8. Editioun matzemaachen.

D’Auteuren kënnen hier bis elo onverëffentlecht Texter a 7 Sproochen erareechen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Litauesch, Portugisesch an Italienesch bis den 15. Mäerz 2023 an zwou Alterskategorien : 12-17 an 18-26 Joer.

Sou wéi bei den viregten Editiounen ass all Thema wëllkomm, der Fantasie gi keng Grenze gesat an all Genre vu Literatur ass erwënscht: Prosa, Poesie, Theater, Lidder, Rap...

Eng lokal Jury a Litauen, Portugal an Italien mécht eng Préselectioun vun den italieneschen, portugieseschen a litaueschen Texter fir d'Finallen.

All Finalisten liesen dann hier Texter live bei de grousse Finallen zu Beetebuerg viru Publikum a Jury: samsdes, den 22. Abrëll a sonndes, den 24. Abrëll 2023.

D’ Texter vun alle Finalisten an Laureaten ginn an der 2023 Editioun vun der Anthologie Prix Laurence verëffentlecht.