Presentatioun Eis Partner Publicitéitscampagne Jury

Presentatioun

 

De Prix Laurence ass en zentraalt Element vum LiteraTour-Festival, organiséiert vun der Gemeng Beetebuerg.

 

Seid senger Grënnung am Joer 2015 hunn 737 Auteure mat 1228 Texter beim Prix Laurence matgemaach. 

Am Kader vum LiteraTour-Festival invitéiert d’Gemeng Beetebuerg all jonk Auteuren aus der Grouss-Regioun an d’Partnerstied vun der Gemeng Beetebuerg, Valpaços (Portugal) a Flaibano (Italien) bei där 9. Editioun matzemaachen.

D’Auteuren kënnen hier bis elo onverëffentlecht Texter a 6 Sproochen erareechen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch an Italienesch bis den 25. Mäerz 2024 an zwou Alterskategorien : 12-17 an 18-26 Joer.

Sou wéi bei den viregten Editiounen ass all Thema wëllkomm, der Fantasie gi keng Grenze gesat an all Genre vu Literatur ass erwënscht: Prosa, Poesie, Theater, Lidder, Rap...

Eng lokal Jury a Portugal an Italien mécht eng Préselectioun vun den italieneschen a portugieseschen Texter fir d'Finallen.

All Finalisten liesen dann hier Texter live bei de grousse Finallen a, KulTourhaus zu Hunchereng (Gemeng Beetebuerg) viru Publikum a Jury: samsdes, de 27. Abrëll a sonndes, de 28. Abrëll 2024.

D’ Texter vun alle Finalisten an Laureaten ginn an der 2024 Editioun vun der Anthologie Prix Laurence verëffentlecht.