Don't Be Ashamed
Gléck Zefriddenheet ass net oft verstreet
Mir mussen oppassen wou eisen Wee hin geet
Iwwert Steng, Lächer an Bierger wäerten mir goen
Awer ouni alleng dësen Wee ze iwwerstoen
Och wann een heiansdo d'Schlappen verléiert
Ass et wichteg dat een einfach dorausser léiert
Kee Mënsch ass perfekt an dat kann ech iech soen
Genausou wei ech haut virun iech stoen
Een Spigel seet net alles och wann een iech dat seet
Mir mussen eenz ginn mat dem wat an eisem Banneschten leeft
Laachen, Kräischen, Jäizen muss een verstoen
Well eis d’Liewen ass net ëmmer einfach ze erdroen
D’Mënschen ob dach Welt hunn alleguerten hier Dreem
Mee leider hunn net all hiert eegent Doheem
Mir Mënschen all zesummen kennen et packen
Des Ongerechtegkeet an engem streck zerrappen
Looss et einfach raus voller Freed
Don’t be ashamed ass dat Sprachwuert wat eis begleed
Mir sollen d’Liewen liewen sou wie mir wëllen
Awer ouni deenen aneren iwwert den Wee ze trëllen
Trau dech mol einfach eppes ze soen
Awer ouni deenen aneren direkt ze droen
Probéier si mol einfach ze verstoen
An du wäerts gesinn du wäerts DÄIN Wee goen
We will be friend forever
Léif leit et ass net einfach ze soen ech hunn iech gären
Vill Leit soen oh dat Kand lieft an den Stären
Wann ech iech soen dat eis Frëndschaft onzertrennlech wier
Kéint ech behaapten dat ganzt steet ob menger Stier
Ech laachen wann ech iech gesinn
Dir sidd mäin Halt wann ech um Barren stinn
Dir sidd meng Freed
Wann d'Welt och eng Kéier op der Kopp steet
Dir erfëllt mäin Häerz
wei een klengt Kand am däischteren mat enger Käerz
e Raum mat Luucht erfëllt
an dir mäin Frëndschaftsduuscht stellt
Frëndschaft kann een net bezuelen
zemools eis ass esou staark wie Stuelen Suelen
onzertrennlech ass dat Adjektiv
wat mir sou oft benotzen an dat net fiktiv
eist Häerz ass zesummen gewuess
an des Evolutioun war och zimlech kuerz
mee dat huet näischt ze bedeiten
well wat ech iech soen well ass dat heiten
et geet näischt wat eis wäert zertrënnen
souguer wann mir mussen ënnert dach Bréck pennen
Sorry fir des Onformalitéit
mee leider ass dat oft d Realitéit
léif Leit wat ech iech well heimader soen
ass dat mir wäerten zesummen iwwert Alles stoen
ouni eis eppes ze breechen
Léift, Zesummenhalt an Verständnis
Genau dat well eis Frëndschaft heeschen
Krich, Sträit an Onzouverlässegkeet
Ass dat wat am Moment ëmmer méi duerch d Welt geet
Am Laf vun der Zäit
Hunn d'Leit vergiess wat alles an hiren Hänn läit
Nëmmen mir, mir ganz alleng
Decidéieren wat geschitt mat all deenen Steng
Veränneren kennen mir d'Welt
Och wann een eise en Komet an den wee stellt
och wuessen wäerten mir
an de Wee fannen zu der magescher Dier
déi eis dohinner féiert
wou eis näischt Negatives méi stéiert
alles dat maachen mir together
because we will be friends forever.