Wat wëll ech maachen a wou wëll ech hin?
Wat soll dat ?
A wat soll aus mir ginn ?
Rapp dech um Rimm an zwar richteg fest!
Dat ass richteg an nëmmen dat Bescht!
Vergiess, wat war
Kuck nëmmen net no hannen
Wat war ass geschitt
Lauschter mir no
A stell keng Fro!
Wisou sinn ech grouss an du kleng?
Wisou déi eng deck an du reng?
Hal op mat deenen domme Froen!
A lauschter mol eng Kéier wat déi aner soen !
Ëmmer an den Wolleken
Ëmmer déi Froen
Dat kann dach net esou weider goen!
Wat ass hei a wat ass do ?
A schonns erëm eng domm Fro!
STOPP, haalt elo mol op!
Wat ass mat „Ween net freet bleift domm“
Keng Fro, keng Äntwert?
Ech halen dru fest an erfuerschen dës Welt
Et gi keng domm Froen!
An ech maache wat mir gefält
Jo ech sinn ee Streber
Dorun halen ech fest
Du weess, datt de Moment kennt
Wou ee mech fënnt
Do sinn ech ganz grouss,
An du ganz kleng