Ech gesinn, wéi déi schlauste Käpp vu menger Generatioun vrecke vu Wansinn, erhéngeren hysteresch plakeg-
an éier dass ech weider maachen an der mech vu Klau beschëllegt;
jo, dat doe war den éischte Vers vum Ginsburg sengem Howl;
well näischt huet sech säitdeem geännert.
Paradoxon Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg, mir hunn der alles ginn an elo hu mer näischt.
Lëtzebuerg, 963 Euro 4ten Oktober 2021.
Mäin Kapp deet wéi.
Lëtzebuerg, wéini kommen Ongläichheeten zu Enn?
Géi féck dech mat dengen eidel Verspriechen.
Paradoxon Lëtzebuerg.
Mir danzen duerch d'Dierfer a verloossen
Stroossen, well mer versiche Rou ze fannen
duerch d'Fëmme vun Zigarette gefëllt mat
Haschisch,
mee souguer dat ass eis net gegënnt, well falsch Versprieche
si keng Verbrieche géint de
Vollek a Moral gëtt ersat duerch
Kapital.
Mir drénken deier Drëppen déi eis d'Gehier
duerchenaner geheien an eis Liewer
stierft.
Mir erziele vu verfale Weeër, déi mer net huele wëlle,
mee mussen, well wëll, wäiss Wëllef
entscheede
wat mir solle maachen; hir makaber Muecht
mécht aus eis Raten, déi d'Reschter vun
de Rentner rafen.
A soll ech wierklech weider maachen?
A soll ech wierklech weider duerch d'Buch bliedere
vun Ongerechtegkeet déi ons Rescht vun den Deeg
begleet?
A soll ech wierklech no dem Carl Solomon jäizen
dass mir mat him sinn zu
Ettelbréck?
Paradoxon Lëtzebuerg.
Du denks dech ze héich
butzeg Buerg um Bock
net gezu vun der Stréimung
wéi en Anker deen hänkt.
Du bass Festung fir Räicher,
déi Verméige verstoppen an dengen
Festungsmaueren an du kraz Mënzen
déi vun de Poschen trëllen op.
Du luets Leit an däin Haus an
déi Brong priedegen;
selwecht Brong wat s deemools
gefaart has.
Du nenns privat Protektioun
deng richteg Ritter a léiss se duerch
d'Gare patrulléiere bis onschëlleg
Bierger:inne Bass vu Déiere kréien.
Du sees du akzeptéiert alles a jiddereen
mee bei dräimol Neen!
bass du definitiv dru schold
fir zerstéiert Dreem.
An wann ech zeréckdenken
zu eiser Mier-Mamm wonneren
ech mech op se géif kräischen
oder einfach just duerch
d'butzeg Buerg um Bock BIERELEN!
Well ech si mer sécher dass den
Drang ze sangen hir
vergaangen ass.
Paradoxon Lëtzebuerg
Also, Gold-gekréinte Roude Léif
lauschter s de de Kanner no
vun deenen déi dëst gebaut hu
wat s du Doheem nenns?
Also, Gold-gekréinte Roude Léif,
mir och nennen dëst eist Doheem
dofir Pléck eis net d'zeideg
Friichte wech vun de Beem.
Also, Gold-gekréinte Roude Léif,
bass de sécher dass de
wëlls bléiwe wat s de grad bass?
An huel et net béis,
Gold-gekréinte Roude Léif;
Kritik ass en Zeeche vu Léift.
Paradoxon Lëtzebuerg...