E ganzt Joer mat dir
De Wand dee spillt mat de Blieder
D’Sonn kënnt luusse wat do ass lass
Et ass wonnerbaart Hierscht Wieder
Sou wonnerbar ‘wéis du et bass
D’Paradäis erblécken d’Déi‘ren
Se kucken sech dëst Wonner un
Maache lues, wëllen net stéi‘ren
An kréien net genuch dovun
Esou wonnerbar romantesch
‘Sou ganz eleng am Bësch am Dag
Beim Goen denken ech un dech
Ganz lues plätscht iergendwou eng Baach
Rout, orange, giel an dëser Zäit
D’Natur kënnt lues a lues zur Rou
De Fridden deen hei driwwer läit
Mëscht mech einfach immens frou
D’Villercher sange mateneen
D‘Réi schmuust verléift mat hirem Mann
Zesumme lafen se laanscht Beem
‘Wei just e Pärche maache kann
Den Igel rullt sech als Chrëschtbull
Den Hues deen hoppelt a säi Bau
D’Temperatur erreecht Grad Null
An meng Hänn gi ganz kal a rau
E leschte Bléck op d‘Paradäis
Befier de Wanter sech nees mellt
Befier alles blénkt esou wäiss
An de Schnéi lues vum Himmel fält
D’Déi‘ren döse gemitterlech
Drifte lues an d’Land vun den Dreem
Et gëtt ganz roueg hei am Bësch
Sécher beschützt vun all de Beem
Lescht Erënn‘rung un dëst Wonner
Eng Schnéiflack fält vum Himmel ‘rof
Héich iwwert mer Blëtz an Donner
Lo halen d’Déi‘ren Wanterschlof
No enger Nuecht blénkt alles wäiss
Luuchte ginn ugemaach doheem
Alles bedeckt mat Schnéi an Äis
Sou ‘wéi dem Bësch seng schützend Beem
Am Kamäin hëtzt d’Feier ‘sou waarm
En Téi a Kichelcher dobäi
Mier leien eis verléift am Aarm
Kucke Liebesfilmer der dräi
De Beemche gerëscht mat vill Méi
Hält Chrëschtbullen a senger Hand
Bausse spillen d’Kanner mam Schnéi
An d’Schnéiflacken danzen am Wand
D’Cadeaue leien ëm de Bam
D’Kanner freeën sech wéi verréckt
Se hunn hier Elteren am Aarm
Et gëtt e Kuss op d’Stier gedréckt
D’Mutz um Kapp a mat voller Freed
Bestaunen ech dëst Paradäis
Erreeche ka mech hei kee Leed
Beschützt ginn ech vun dësem Wäiss
Op eemol ass Silvester do
D’Schampesglieser si gutt gefëllt
D’Rakéite fléien héisch elo
An op der Strooss gëtt haart gebrëllt
De Januar flitt ’wéi eng Sekonn
Och de Februar verschwënnt alt nees
Eraus luusse kënnt erëm d’Sonn
An laacht dech un wann s du opstees
D’Déi’ren sti lues a lues nees op
D’Beem kréien erëm nei Blieder
D’Kaweechelchen klëmmt de Bam ‘rop
All genéissen dat schéint Wieder
D’Natur erwächt aus hirem Dram
D’Äscht wack‘len zefridden am Wand
Vill Drëpse fale ‘rof vum Bam
An iergendwou laacht e klengt Kand
D’Natur déi weist eis hier Schéinheet
Eppes Frësches läit an der Loft
D’Sonn wiermt d’Äerd esou gutt et geet
D’Blumme verstreeën hiren Doft
Den Igel streckt sech midd am Gras
Den Hues deen hoppelt aus dem Bett
De Buedem ass nach fiicht an naass
De Reen deen hält sech ‘lo scho prett
D’Blieder un de Beem si ‘sou gréng
Als hätt ee Faarf dorop gestreet
An d’Fräsche maache ganz vill Spréng
Vun enger Séirous op déi zweet
D’Villercher fléien hin an hier
D’Réi dat spillt friddlech mat dem Hues
D’Sténkdéier dréckt sech gäre vir
Se ginn allen dräi schnell erwuess'
Ech kucken hinne glécklech no
Op eemol bass du hannert maer
An a Momenter ‘wéi elo
Hunn ech dech einfach mega gär
Du häls mech fest an dengem Aarm
Du léis mech net méi lass fir haut
Mier sëtzen eis ënnert e Bam
An kucke wat d’Natur opbaut
D’Temperatur hëlt rasant zou
De Summer fänkt gemächlech un
D’Kanner sinn alleguerte frou
Well si Groussvakanz elo hunn
Den Himmel sou blo do uewen
Keng eenzeg Wollek ze gesinn
Ech géif d’Natur gäre luewen
Si huet mat dëser Pracht ze dinn
D’Waasser glënnert owes um Séi
Sou romantesch ’wéi Käerzeliicht
D’Wiese si voll mat gréngem Kléi
Ech laachen an däi léift Gesiicht
T’ass Summer an erdréckend waarm
Net ‘mol méi d’Glace bleiwe kal
All sëtzen se am Schied vum Bam
Déi Hëtzt verschwënnt nach net ‘sou bal
D’Gras gëtt lues a lues brong a giel
D’Déi’ren hunn awer näischt dovun
D’Blummen si schonn zerdréckt a wiel
Do ass näischt nahrhaftes méi drun
Och d’Blieder fale vu de Beem
Ze midd fir sech unzehalen
Se ruffen no enger Drëps Reen
Mee et wäert keng erof falen
Endlech gëtt et am Land méi kal
Bësch an Déi’ren liewen nees op
De Summer ass eriwwer bal
D’Natur déi waart just nach dorop
A scho fänkt den Hierscht erëm un
Esou ewéi all Joer nees
An all Kéiers denken ech drun
Lo ass fäerdeg eng Joresrees