Elo sëtzen ech erëm do
Am Eck a bestrooft
Meng Hänn si ganz blo
D’ Hoer esou lues gro
An der Loft puer Verzweiflung
Well kee Mensch ass nach do
Ech sëtzen ganz eleng
A wëll elo gläich goen
Ech kréie mech net beweegt
Meng Muskelen si gefruer
Mäin Häerz ass opgeweecht
Meng Gedanken si verluer
Meng Pupillen si ganz grouss
Meng Aen scho ganz dréif
Vum Kapp bis de Fouss
D’ Angscht sëtzt déif
Panik brécht elo aus
Ech weess net méi wat maachen
Ech wëll aus mengem Kierper eraus
Dem Däiwel aus dem Arem
Kales leeft de Réck erof
Meng Hänn zidderen schlëmm
Ech hoffen ob Hëllef
An dat elo geschwënn
Ech falen nach zesummen
Sacken an mech eran
D’ Realitéit ass verflunn
Hu vun guer näicht mei ee Plang
D’ Waasser an den Aen
Net eng Drëps mee ee Mier
Ech hoffen dass een Albdram
Kontroll läit net bei mir
2X Refr.
Fir Stonnen a Sekonnen
Sinn ech an Däiwelshänn gebonnen
Mäin glécklecht Gesiicht
Ass einfach eseou verschwonnen
Mäin Bléck ass verschollen
Mäin Häerz huet grouss Wonnen
Dat kritt een net verbonnen
An och net iwwerwonnen
Ech waarden ob Erléisung
Wëll dass endlech nach een kënnt
Dass ee mech eseou schnell wéi méiglech
Aus deem Zoustand hëlt
Alléng kommen ech net eraus
Mäin Otem stoppt erëm
Gedanken gi méi schlëmm
Kal Hänn zidderen
Dat schlëmmt kennt erëm no
An ech setzen nach do
Ech sollt eigentlech wech lafen
D’ Lëpsen si scho blo
Wat soll ech nëmmen maachen
D’ Hoffnung ass zerschlo
Meng nei Narben am Häerz
Bereien ech dono
Ech kann net iwwerleeën
De Schock ass vill ze grouss
All déi wichteg Mënschen
Hunn mech erëm verlooss
Meng Tréinen lafe weider
Ech sinn zou näischt méi an der Laach
Mäin Häerz erlieft grad
Säin lëschten Häerzschlag
2X Refr.
Fir Stonnen a Sekonnen
Sinn ech an Däiwelshänn gebonnen
Mäin glécklecht Gesiicht
Ass einfach eseou verschwonnen
Mäin Bléck ass verschollen
Mäin Häerz huet grouss Wonnen
Dat kritt een net verbonnen
An och net iwwerwonnen