Héichuewen;
Déifbuedem
Schwaarze Schnéi fält
Lavorare! Lavorare! gëtt gejaut
Metall Schlaange schläife géint Gleis
Schwaarz Eeër am Bauch
Den aarmen Däiwel danzt
Héichuewen;
Déifbuedem
Schwiefel Schnéi pifft
Spalare! Spalare! gëtt gejaut
Donsteg Drëpsen drëpse géint Stier
Schwiefel Kuel glousen
Den aarmen Däiwel danzt
Héichuewen;
Déifbuedem
Schachtschnéi fält
Più Giù! Più Giù! gëtt gejaut
Spëtz Piosch pucht géint Mauer
Schachtlift erop an erof
Den aarmen Däiwel danzt
Romantesch Gedichter iwwert Héichuewen
anersäits
iwwerschaffen am
Déifbuedem.
Den Nuetshimmel ass Rout
Technologie am Tosch
vu luesem Doud
Also nee, Nik a Paul, se si keng Gëtter
mee, se sinn Är Opfer.
Mëttelmierprolateriat;
mat all
Mëttel de
mir hu gëtt vun hinne
profitéiert
Den aarmen Däiwel danzt
Héichuewen;
Déifbuedem.