Ech sinn eng aarme Marionett.
Leien de ganzen Dag am Bett.
Waarde bis dass ee meng Fiedem zitt.
Well da sinn ech op ee Coup ganz fit.
Äerm a Been zapp’len da wéi mëll,
Ech maache, wat mäi Meeschter wëll.
Gär géif ech selwer soen, wat geschitt.
Ëmmer follëschen mécht mech vill midd.
Eng Kéier hunn ech et probéiert,
Ech hunn de Buedem ganz alleng beréiert.
1, 2 Meter ass et gaangen.
Dunn hu meng Fiedem sech verfaangen.
Ech si gefall, ganz déif an haart.
Ech loung dunn do wéi agespaart.
Hu ganz haart gejéimert « Meeschter?! ».
An hu gefaart, mech huelen d’Geeschter.
Op eemol héieren ech an der Trap,
Wéi een eropkënnt, d’Dier opspaart.
De Meeschter leet mech rëm an d’Bett.
Ech kann nees follëschen, ech si gerett!