Retour

Laurent Thiry

De Smiley

Et wor roueg am Klassesall, ze roueg bal, an och dem Schoulmeeschter, deen de Kanner eng Aufgab opgedro hat, foul dat op. Kee Gehouschts, kee Gepëspers. Fir d'éischte Kéier säit Laangem, vläit säit hie Schoul houl, wor et komplett stëll am Sall. Eppes loung an der Loft, dat wosst de Schoulmeeschter genau. A senge 15 Joer Carrière wor him dat dote nach net virkomm. A scho guer net bei där dote Klass.
De Schoulmeeschter hat eng Prüfung viru sech leien, keng gutt, nee, guer net gutt, mä et géif wahrscheinlech awer herno e Smiley ginn. Vläit ee mat engem schife Mondwénkel, kee frouen jiddwerfalls, mä och keen ze trauregen, well dat koum net gutt u beim Schüler, nach manner bei den Elteren an ausserdeem goung et bei enger Verbesserung jo net drëms, fir d'Kand fäerdeg ze maachen, mä fir et ze motivéieren, sech d'nächst Kéier besser drun ze ginn.
Virun e puer Joer wier et eng Datz gewiescht, eng déif Datz esouguer. Haut gesouch de Smiley, deen elo op eng konzentréiert Manéier vum Schoulmeeschter op de Pabeier gemoolt gouf e bëssen ondecidéiert aus, vläit nervös, wéi wann e net wéisst, wat e vun deem Ganzen hale sollt. Ma wéi et fäerdeg wor, hat en awer e Laachen am Gesit. Laachen kann eng Erléisung sinn. Laachen hëlleft heiansdo Saachen ze verkraaften, déi schwéier ze verstoen sinn. Dem Smiley säi Laachen awer war eent vun där gehässeger Zort.
D'Prüfung wor iwwer franséisch Grammatik gewiescht, ma de Schoulmeeschter hat d'Occasioun genotzt, fir am Cours Texter iwwer Toleranz ze behandelen, een Thema, dat him um Häerz loung, och, well hien sech selwer als Schoulmeeschter an der Flicht gesouch, dass aus deene Kanner keng réckstänneg an ängschtlech Hinterwäldler gouf, mä weltoppen, tolerant Leit, Leit déi d'Gesellschaft ëmmer gebrauche kann. Dee Som konnt an den Ae vum Schoulmeeschter net fréi genuch geplanzt ginn, dat gouf him dacks genuch an der Schoul demonstréiert.
Eng Kéier wor e Jong an der Paus bei hie gelaf komm, an Tréinen opgeléist, an hat erklärt, dass hie vun senge Kollegen „schwul“ vernannt gi wor. De Schoulmeeschter hat sech no der Paus spontan zwou Stonnen Zäit geholl, fir mat der Klass iwwer „schwul“ ze schwätzen. Hien hat d'Kanner gefrot, wat „schwul“ dann eigentlech heesche géif a si haten et net gewosst, just, dass et eppes schlëmmes misst sinn, do wore se sech eenz gewiescht. De Schoulmeeschter hat de Kanner gesot, wat „schwul“ heesche géif, dass dat wier, wann zwee Männer sech vill gär hätten, ganz richteg, anenee „verliebt“ kéint een dat nennen. An hei, ee Meedchen hat ze zielen gewosst, dass hat zwou Mammaen hätt, dass déi jo dann och esou eppes wéi „schwul“ wieren, an dass hat domat guer kee Problem hätt. De Schoulmeeschter hat d'Klass gefrot, op iergendeen domat e Problem hätt, wann ee „schwul“ wier, op dat elo nach ëmmer eppes schlëmmes wier, an elo woren si sech eenz gewiescht, „schwul“, dat wor näischt schlëmmes, just e bësse komesch. Domat wor de Schoulmeeschter fir den Ufank ganz zefridden gewiescht. Déi Stonnen drop hat hien kannerfrëndlech Texter iwwer Toleranz mat an d'Klass bruecht, Texter, mat deenen ee vill passé composé léiere konnt, Texter, wéint deenen hien enges Daags e Bréif kritt hat, e Bréif vun engem Kand sengem Papp, e rosene Bréif.
De Bréif hat sech iwwer gewëss Texter opgereegt, déi dem Kand Saachen an de Kapp géife setzen, déi him bei senger Entwécklung am Wee stoe géifen, Saachen, déi net mam Kand senger Relioun ënner en Hutt ze brénge wieren, an iwwerhaapt zimlech blöd Saachen. De Schoulmeeschter hat dem Papp e Bréif zréck geschriwwen, an erklärt, dass hien déi Kritik net novollzéie kéint, Toleranz géif iwwerdeems an all Relioun gepriedegt a wann de Papp bis zum nächste Bréif e bëssen um eegene passé composé schaffe wéilt, kéint e gäre Kopien vun den Texter kréien.
Et wor kee nächste Bréif komm, ma dofir den Direkter vun der Schoul, deen ugestrengt erklärt hat, dass een den Elteren ëmmer mat Respekt begéine misst. Dat hat den Schoulmeeschter agesinn a sech perséinlech beim Papp entschëllegt. D'Kand wor trotzdem eng Woch net an d'Schoul komm, no där Woch hat et d'Prüfung iwwer de passé composé geschriwwen, an elo hat de Smiley dat Laachen am Gesit, dat en eben am Gesit hat.
De Schoulmeeschter duecht iwwer dat ganzt no. De Bic koum nach eng Kéier zum Asaz. Dat gehässegt Laachen hat d'Kand net verdéngt. Am Endeffekt wor et net seng Schold.

E frëndlecht Grinsen goung wahrscheinlech awer duer.




Envoyé: 11:31 Thu, 12 February 2015 par: Laurent Thiry