Retour

Roettgers Nathalie

Léiwe Perfektionismus


Hei sëtzen ech grad a probéieren ze schreiwen.

Ee klengt léift Gedicht, e flotten Text,

ganz simpel, ganz einfach an net ze komplex

a scho mells du dech a muss iwwerdreiwen:

 

"Dat gëtt besser gutt, well et wär jo eng Schan,

wa mir mat deem hei kee Geld kënne man.

Sief gesellschaftskritesch, mee och sentimental, eeben ee Poet,

mee kuck och, dass jiddereen däi Gesabbels versteet.

 

Gläichzäteg sief genial op nonchalant Aart a Weis

a weis der Welt, wéi s du et gesäis.

Mat revolutionärem Gebrauch vu Reimschema, Metrum, Metapher a sou,

bréng déi ganz Literatewelt aus der Rou.

 

Wann de Goethe et kann, firwat dann net du?

Hie Stürmer an Dränger, du Netflix an Chiller, 

allen zwee kennt der iech aus mam héchste vun de Gefiller.

 

An du bass jo Germanist, also lee mol lass.

Weis wat s de kanns a wou dem Cedies seng Bourse hin ass.

Well wéi s du däi Studium ugefaangen hues, duechten se all

du wiers eemol ze oft op de Kapp gefall.

"Du studéiers eppes ouni Zukunftsperspektiv?"

froe se a kucken dech schif.

 

Ma lo ass de Moment fir hinnen ze weisen,

ech hunn eppes geléiert an eppes virzeweisen.

Also pak et lo aus, däi Fachwëssen hei

an definéier d'Konscht vum Schrëftsteller nei.

 

Mir zwee si fir Grousses an dëser Welt bestëmmt,

mee fir d'Éischt gëtt mol e Fanger gekrëmmt.

Gelieft, gelidden, eng Muse gesicht

An da geet se lass, eis Liewensgeschicht.

Gefeiert, veréiert, Nationalpoet.

A free dech schonn drop, wann op all Eck ee Monument vun eis steet.

 

Also lauschter lo gutt, ech soen der wéi et ass:

Maach nëmme kee Feeler, soss ass et verschass!

A mäin Dram fir eis, dee geet fir ëmmer

duerch deng erbäermlech Onfäegkeet ënner."

 

Léiwe Perfektionismus, ech muss scho soen, 

sou vill Laascht hunn ech nach net oft gedroen.

Dat do ass mir ze stresseg, ech brauch eng Paus.

Vläicht kann ech jo muer leeschten, wat s de brauchs.

 

Prokrastinatioun, hei sinn ech rëm!

Mir zwee sinn déi beschte Frënn.

An du stëmms mir och zou, wann ech soen,

dass een, wann een näischt mécht, och kee Mësserfolleg muss erdroen.

 




Envoyé: 20:50 Mon, 13 December 2021 par: Roettgers Nathalie