Dëse Samsden a Sonnden waren d'Finalen vun der 7. Editioun vum Jugend-Literatur-Präis Prix Laurence. An 2 Alterskategorien (vun 12 bis 26 Joer) goufen d'Gewënner zu Beetebuerg ermëttelt.
De Jury: Vesna Andonovic, Martine Forty, Jérôme Jaminet, Christiane Kremer, Christine Mandy, Antoine Pohu, Thomas Schoos a Pit Hoerold.
D'Gewënner:
Alterskategorie 12 - 17 Joer
1. Präis - Prix Laurence 2022: Marie Viry (L) -
L’apothéose
Alterskategorie 18 - 26 Joer
Ons Gléckwënsch un all d'Lauréaten!
An e grousse Merci un all d'Finalisten an un all déi, déi matgemaach hunn an dozou bäigedroen hunn, dass dës 7. Editioun nees e Succès wor!
Dëst Joer hunn 168 jonk Auteure 239 Texter erageschéckt. Si komme vu Lëtzebuerg, aus der Grouss-Regioun, aus Kaunas, Litauen (Partnerstad vun Esch2022) an aus Valpaços (Portugal) a Flaibano (Italien) Partnerstied vun der Gemeng Beetebuerg.
D'Anthologie Prix Laurence 2022, mat Texter vun de Finalisten a Laureaten vun deenen 2 Alterkategorien (12-17 an 18-20 Joer) ass Enn des Joers ze kréien!
Fotoen vun de Finalen fannt Dir
hei.