Am Kader vum
LiteraTour-Festival invitéiert d'Gemeng Beetebuerg all jonk Auteuren vu 12 bis 26 Joer
bei där 8. Editioun vun hierem grousse Jugend-Literatur-Präis matzemaachen.
2 Alterskategorien: 12-17 an 18-26 Joer
All Thema ass wëllkomm: der Fantasie si keng Grenzen gesat!
Erwënscht ass all Genre vu Literatur: Prosa, Poesie, Theater, Songs, Rap...
An där Sprooch déi Iech am beschte läit: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Italienesch, Portugisesch oder Litauesch.
Participatioun bis de 15. Mäerz 2023
Grouss Finalle mat de Live-Liesungen:
samsdes, den 22. Abrëll a sonndes, den 23. Abrëll 2023 zu Beetebuerg
Bei dëser europäescher Editioun maachen och nees d'Partnerstied vun der Gemeng Beetebuerg, Valpaços (Portugal) a Flaibano (Italien) mat,
souwéi Kaunas (Litauen).
D'Texter vun de Finalisten a Laureaten ginn dono an enger
Anthologie publizéiert.